Op Der Lay AGB

Allgemeng Geschäftsbedingungen (AGB)
 
1. Allgemenges iwwer de Site OP DER LAY Buttek

Dir sidd verbonne mam Internetsite „Op der Lay Buttek“ vun der Gesellschaft OP DER LAY s.à r.l.

2. Presentatioun

Op der Lay s.à r.l.
Juristesch Form: société à responsabilité limitée
Gesellschaftskapital: 12.500 Euro
R.C. B102134
Id. TVA LU15484675
Autorisatioun N° 70076
Geschäftssëtz: 2a, Zare Îlot-Est, L-4385 Ehlerange
E-mail: commandes@opderlay.lu

3. Perséinlech Ugaben

Op dësem Site musst Der op verschidde Säite perséinlech Ugabe maachen. OP DER LAY stockéiert an informatescher ou soss anerer Form nëmmen déi Donnéeën, déi fir d’Ausféierung vun de Servicer gebraucht ginn..
Déi perséinlech Ugaben, déi Dir matdeelt, si vertraulech a gi kengen Drëttpersoune ouni Äert Averständnes, dat virdrun ageholl gouf, matgedeelt am Respekt vun de Oploe vum Gesetz iwwert d’Protektioun vun de Persounen hisiichtlech vum Gebrauch vu perséinlechen Ugaben (Modifizéiert Gesetz vum 2. August 2002).
OP DER LAY ënnerhëlt alles, fir dass Är Date sécher iwwerdroe ginn, erënnert Iech awer och drun, dass et um Internet eng absolutt Sécherheet leider net gëtt. Dofir acceptéiert Dir och, dass Der dëse Site ënnert Ärer eegener Responsabilitéit benotzt.
Konform zur Legislatioun betreffend de Schutz vu perséinlechen Ugaben huet Dir d’Recht déi anzegesinn an déi Iech betreffend ze verbesseren. Fir dës Rechter auszüben musst Dir OP DER LAY eng schrëftlech Ufro op eis Adress uewendriwwer eraschécken.
Andeems Der eis Är E-Mail-Adress op dësem Site matdeelt, akzeptéiert Der, dass OP DER LAY Iech Informatioune per E-Mail matdeelt.

4. Zougang a Benotzung

Dëse Site ass geduecht fir Cliente vun OP DER LAY wéi och Intresséierter vun de Produkter oder Servicer, déi OP DER LAY ubidd.
Dëse Site ënnersteet der Lëtzebuerger Legislatioun.
Well den Internet keng absolutt Sécherheet bidde kann, gehéiert et sech, dass all Benotzer déi néideg Schrëtt ënnerhëlt, fir seng perséinlech Ugabe ze séchere souwéi säi Computer géint eventuell Internetschädlengen ze schützen.

5. Informatioune fir de Benotzer

D’Informatiounen, déi op dësem Site stinn, deele mir Iech mat beschtem Wëssen a Gewësse mat. Fir ongenee, onkomplett, falsch oder souguer manipuléiert Informatioune kann OP DER LAY net responsabel gemaach ginn.
Dës Informatioune sollen op kee Fall een dozou ureegen, onbedéngt eppes ze kafen. Dës Entscheedung läit eleng beim Client.
Ces informations ne constituent en aucun cas une offre ni une sollicitation à l'achat ou à la vente.
Dëse Site huet Informatiounen vun oder Links op aner Internetsiten. E Link vun OP DER LAY op en anere Site heescht net, dass mir dee Site recommandéieren oder deem seng Säite guttheeschen. D‘Responsabilitéit vun OP DER LAY kann net engagéiert gi wéinst Informatiounen, Meenungen a Recommandatiounen op deenen Internetsiten.
OP DER LAY behält sech d’Recht vir, seng Internetsäiten ze änneren oder ze läschen.

6. Copyright

All Texter, Logoen a Biller op dësen Internetsäite gehéieren exklusiv OP DER LAY. All Reproduktioun, Diffusioun a Benotzung op enger anerer Plaz am Internet oder op soss enger Plaz stellt eng Verletzung vum Copyright duer an ass verbueden ouni eng schrëftlech Awëllegung vun OP DER LAY.

7. Responsabilitéit

De Benotzer akzeptéiert, dass all Zougank op a Benotzung vun dësem Site ënnert seng eege Responsabilitéit fält.
OP DER LAY kann net fir direkt oder indirekt Schied duerch d’Benotzung vun dësem Site haftbar gemaach ginn, besonnesch wat d’Ënnerbriechung, d’Hänkebleiwen oder den Disfonktionnement vum Site betrëfft, déi duerch Ënnerbriechung fir Maintenance oder Updates vum informatesche System vun OP DER LAY, technesch Pannen oder Iwwerlaaschtung vum Netz, Zesummebrieche vum Telefonsnetz, Iertëmer oder Feeler vun Internetprovider oder vun Drëttpersounen an och Computerviren ervirgeruff goufen.

8. Bestellungen

Fir eng Bestellung bei OP DER LAY opzeginn, muss de Client sech identifizéieren an eis seng Commande schécken. Dofir muss en déi Informationen uginn, déi en op dësem Site gefrot ginn, wéi Numm, Virnumm, Adress (oder Liwweradress) an E-Mail-Adress.
De Client muss seng Bestellung validéieren. Andeems de Client seng Bestellung validéiert, erkennt en och un, dass en d’Allgemeng Geschäftsbedingungen op dem Site vun OP DER LAY gelies huet an dës ausdrécklech akzeptéiert.
Déi enregistréiert Informatiounen ginn ugesinn als Bewäis fir de Kontakt, d’Bestellungen an d’Bezuelung tëschent dem Client an OP DER LAY.
De „Weenchen“ ass vergläichbar mat dem Akafsweenchen (Caddie) an engem Supermarché. Soulaang de Client net duerch d’Keess geet, kann en zu all Moment en Artikel eraushuelen oder weiderer draleeën oder d’Quantitéiten änneren. E kann och erausgoen an näischt kafen.
All Bestellung gëlt als ugeholl an de Verkafskontrakt als ofgeschloff, wann de Client iwwert den elektronesche Wee eng Confirmatioun kritt huet.
D’Adress, déi de Client eis duerchgëtt, muss richteg sinn. No dem Verkafsofschloss engagéiert sech OP DER LAY fir déi bestallte Wuer(en) ze liwweren.
D’Präisser vun den Artikelen um Site sinn Netto-Präisser, sinn an Euro ausgestallt a mussen an Euro bezuelt ginn.
D’Bezuelung duerch de Client mécht sech:
• duerch eng sekuriséiert Verbindung mam Site PayPal (https://www.paypal.com)
• duerch Iwwerweisung op ee vun eise Konten oder Bezuelung vun der Rechnung, soubal Der déi per E-Mail geschéckt
D’Wuer gëtt eréischt verschéckt, wann OP DER LAY d’Bezuelung kritt huet.
No den Dispositiounen vum Gesetz vum 14. August 2000 iwwert de Elektroneschen Handel huet de Client d’Recht an engem Zäitraum vu 7 Schaffdeeg, vun der Konfirmatioun vun der Commande un, sech aus dem Kafvertrag ouni Ugab vu Motiver an ouni Strofen zréckzezéien.
Ouni Géigekonventioun kann de Client säi Recht, op de Kafvertrag ze verzichten, net fir dës Kontrakter gëlle loossen:
• wann d’Liwwerung mat Awëllegung vum Client virum Oflafe vum Zäitraum vu 7 Deeg ageleet gouf
• bei der Liwwerung vun Audio- oder Video-Opnamen a vun elektronesche Bicher (E-Books)
OP DER LAY rembourséiert dem Client an deem beschtméiglechen Zäitraum, awer spéitstens bannent 30 Deeg all Zommen, déi bei deem Verkafskontrakt bezuelt goufen. Deen Zäitraum fänkt u mam Dag, wou OP DER LAY per ageschriwwenem Bréif matgedeelt kritt, dass de Client sech aus dem Verkafsvertrag zréckzitt.
An deem FAll schéckt de Client all Liwwerung, déi e vun OP DER LAY kritt huet, an deem beschtméiglechen Zäitraum a spéitstens bannent 30 Deeg un d’Editioun zréck. Dësen Zäitraum fänkt u mat dem Zréckschécke mat „recommandé“ vun der Bestellung duerch de Client, woubäi de Poststempel zielt.
Am Fall vun Transportschied oder feelend Artikele muss de Client client seng Reklamatiounen iwwert d’Liwwerung mat ageschriwwenem Bréif spéitstens 24 h bei OP DER LAY eraschécken.
OP DER LAY kann net responsabel gemaach ginn, wann den Empfänger bei der Liwwerung vu der Wuer net doheem ass oder wann en d’Wuer ze spéit beim Tansporteur ewechhëlt, nodeems deen dem Empfänger matgedeelt huet, dass eng Liwwerung fir hien do ass. An deem Fall gëtt guer keng Reklamatioun ugeholl.
Wa bewisen ass, dass d’Wuer staark beschädegt gouf, éi se beim Client ukoum, liwwert OP DER LAY nach eemol ähnlech Wuer.
Fir all Standardliwwerung op eng Adress zu Lëtzebuerg oder an d’Europäesch Gemeinschaft souwéi d’Schwäiz, déi e Wäert vu manner wéi 19 € huet, gëtt e Porto vun 2 € gerechent.
Am Fall, wou OP DER LAY d’Wuer net liwwere kann, well en Artikel vergraff ass, gëtt de Client per E-Mail informéiert an de Verkafskontrakt gëtt opgeléist.
Déi Zommen, déi de Client an deem Fall scho bezuelt huet, ginn him am beschtméiglechen Zäitraum, mä spéitstens bannent 30 Deeg, zréckiwwerwisen.
D’Käschten, fir en Artikel zréckzeschécken, gi vum Client gedroen, ausser de Retour méisst wéinst engem Feeler vun OP DER LAY geschéien.
Nëmmen déi Artikelen, ganz an neiwäertegem Zoustand an an der original Verpakung, ginn zréckgeholl oder ëmgestosch.

9. Geriichtlech Sträitfäll

Déi lëtzebuergesch Geriichter sinn eleng zoustänneg, fir eventuell Sträitfäll, déi sech aus der Benotzung vun dësem Site an engem Verkafsvertrag mam Client erginn. D’Lëtzebuerger Recht gëtt applizéiert.