Eist éischt japanescht Billerbuch!

Eist éischt japanescht Billerbuch!

Eng Schëpp Mutt fir déi Kléng a fir déi méi Grouss eng Bestäerkung, sech net decouragéieren ze loossen!

Der Makiko TOYOFUKU hier Erzielung "Ech wëll danzen" ass déi éischt Direktiwwersetzung vun engem japanesche Billerbuch an d‘Lëtzebuergescht!

Et ass net nëmmen wonnerschéi gezeechent, mee et huet grad esou e schéine Message. TRAU DECH!
Och wann et op den 1. Bléck esou ausgesäit, wéi wann dem klengen Hieschen säin Dram onerreechbar wier, hëlt hien dach säi ganze Mutt zesummen a mécht en 1. wichtege Schratt: Hie seet, wat hie gäre wëll.

Ganz sensibel a mat vill Léift weist d‘Makiko TOYOFUKU an hirer Geschicht wéi wichteg Virwëtz ass an datt Mutt näischt mat der Gréisst ze dinn huet.
Och, datt et ëmmer en 1. muss ginn, deen sech traut, datt Diversitéit beräichert an datt zesummen alles nach vill méi Freed mécht.

Aus dem Japaneschen an d'Lëtzebuergescht iwwerdroen vum Ben Eischen.

Fir d'Buch ze bestellen, einfach hei klicken!

Zurück zum Blog