Zu Produktinformationen springen
1 von 5

Roland Meyer

Monster Malya

Monster Malya

Normaler Preis €16,90 EUR
Normaler Preis Verkaufspreis €16,90 EUR
Sale Ausverkauft
inkl. MwSt. Versand wird beim Checkout berechnet

Auf Lager

Produktdetails

  • Roman
  • 1. Oplo 2023
  • Täschenbuch, 156 Säiten
  • ISBN 978-2-87967-264-9 | ODL 207
  • Sprooch: Lëtzebuergesch

Kannerbuch fir erwuesse Leit vum Roland Meyer

D’Malya ass grad emol 12 Joer al, awer an dësen 12 Joer schonn zu engem „Monster” ginn.

Esou gesäit dat op alle Fall säin Ëmfeld: seng Jofferen a Schoulmeeschteren, d’Personal aus der Maison relais an och all déi aner sëlleg Leit, déi sech ëm hatt a seng Famill bekëmmeren. D’Malya stéiert de System, duerch seng Roserei, seng Onugepasstheet, seng Stuerheet, seng Gewaltausbréch. An der Schoul huet hatt keng Frënn, a mat senger Famill wëllt keen sech ophalen.

Wéi hatt mat sengen dräi Schwësteren an der Mamm virun engem vun där hire villen Amanten huet misse fortlafen, verstoppen si sech am Bësch a geroden do an een Donnerwieder. D’Malya gëtt vu senger Famill getrennt a kënnt schliisslech bei e Buer, an deem de Goldie lieft, ee Goldfësch, mat deem hatt ganz frou ass, deen hatt awer viru laanger Zäit do ausgesat hat.

Pressestimmen:

E Kand dat an eisem System reegelrecht duerchfält De Roland Meyer gräift hei e Sujet op, deen ewell zum Schoulalldag gehéiert. Kanner, déi duerch hiert Verhalen opfalen, a keen esou richteg weess, wéi een do sënnvoll an nohalteg intervenéiert. Monster Malya ass awer keng reng Beschreiwung vun engem Kand, dat an eiser Gesellschaft an an eisem System reegelrecht duerchfält, deem seng Chancë vu vir eran gläich Null sinn eens ze ginn an dësem, dach esou räichen a sozialem Land. Dem Roland Meyer geléngt och eis déi Vilfalt vum Malya ze weisen, dat aggressiivt an dat sensibelt Kand, seng Ängschten a seng Suergen, seng Ofleenung géigeniwwer all den Erwuessenen, déi him anscheinend hëllefe wëllen, seng Intelligenz, de System op seng Manéier ze duerchkucken an sech opzeginn an eben a seng Fantasiewelt ze flüchten. Bei de Goldfësch a bei d'Elf, déi wuel als Ersatz vum Papp gëlt. Mir léieren d'Malya awer och duerch seng Sprooch kennen, seng Ausdrocksweis, déi vun de soziale Medien determinéiert ass, grad wéi d'Sprooch vun den Erwuessenen, déi sech ëm d'Malya këmmere sollen do mierkt ee schonn, datt do zwou Welten openee stoussen, datt einfach net matenee connectéiert sinn. An dann ass do och dat duusst Malya, dat sech no Rou a Gebuergenheet seent.

Radio 100,7  11.07.2023

Vollständige Details anzeigen
  • Kostenloser Versand ab 29- €

    Du wohnst in Luxemburg? Profitiere vom kostenlosen Versand ab einem Warenkorbwert von 29- €. (Du wohnst außerhalb Luxemburgs? Kein Problem, für dich ist der Versand kostenlos ab 40- €) Mehr Informationen findest du hier.

  • Sicher und einfach bestellen

    Bezahle mit dem Bezahldienst deiner Wahl. Wir akzeptieren eine große Auswahl an Kreditkarten, Apple Pay und PayPal um dir das Einkaufen in unserem Shop so bequem wie möglich zu machen.

  • Unser gesamter Katalog aus über 30 Jahren Verlagsarbeit

    Du kaufst direkt beim Verlag ein und hast alle unsere Bücher aus über 30 Jahren Verlagsarbeit zur Auswahl. Öfter vorbeizuschauen lohnt sich, denn wir bieten ab und zu Rabatte an! Abonniere den Newsletter, um immer auf dem Laufenden zu bleiben.